Cyclo Cross 1 Januar 2024


26 December 2023

Salut Alleguer!

D'Preparatioune vun eisem Cyclo-Cross lafen op Héischtueren. Fir datt déi vill Aarbecht an d'Fraisen net ëmsoss sinn, wiere mir frou wa jidderee vun eise Memberen sech e bëssen un der Publicitéit fir dat Evenement géif bedeelegen. Post w.e.g. einfach d'Affiche an äre soziale Reseauen (Facebook asw) an/oder op ärem Strava. Invitéiert Är Kontakter op Facebook och fir Äre Post ze deelen - wat méi Pub, wat besser!

Zousätzlech hu mir d'Affiche och drécke gelooss. Déi Leit, déi d'Méiglechkeet hu fir esou eng Affiche op enger gudder Plaz opzehänken, sollen sech w.e.g. bei mir mellen. An der Hoffnung op Är Participatioun, e grousse Merci am Viraus fir Är Hëllef !

bis den 1 Januar nach schéin Feieredeeg an e gudde Rutsch an d'Joer 2024

Claude an de Comité UCP

affiche cyclo-cross ucp 2024.jpg